Klassik aktuell
Net ëmmer ganz eescht
Igudesman & Joo, Salut Salon, de Pianist Hans Liberg: Eng ganz Partie Kënschtler bréngen et fäerdeg, déi als eescht, vu Puriste scho bal als helleg consideréiert klassesch Musek net esou ganz eescht ze huelen. Sie maachen dat mat vill Witz a vrun allem vill Können, well se exzellent Museker sinn. Si knëppen un dat un, wat de briteschen Zeechner, Museker a Satiriker Gerard Hoffnung an de 50er Jore mat enormem Succès gemaach huet: déi klassesch Musek mat Goût a vill Spaass vun hirem Podest erofhuelen. De Gerard Hoffnung ass den 28. September 1959 am Alter vu 34 Joer zu London gestuerwen.