arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Sträichquartett wéi keen aneren
Et gi vill Manéieren, Kammermuseksconcerten ze gestalten. Sträichquartetter presentéieren sech dacks méi konventionell op enger Bün, sëtzen am Hallefkrees a spillen Wierker vun der Klassik bis zu Zäitgenësseschem. De Vision String Quartet ass dëse Samschdeg, 3. Oktober 2020, op Besuch am Escher Conservatoire, allerdéngs net fir en übleche Programm. Nieft klassesche Wierker geet et och méi rockeg an jazzeg op der Bün erof mat vill Beweegung. Den Daniel Stoll, Geiist vum Vision String Quartet, am Gespréich mam Manuel Ribeiro