arrow_back_ios
Fräie Mikro
Den Denkmalschutz funktionéiert net zu Lëtzebuerg!
Matzen an de Journées du Patrimoine ass am gaangen en eenzegaartegt Lëtzebuerger Industriemonument an déi markanteste Struktur vum fréiere Site vun der Escher Schmelz Terre Rouge ofgerappt ze ginn : d'Keeseminnen. E weidere bezeechenende Vandalismusakt am Kader vun der systematescher Zerstéierung vun eisem Land, seet den Denis Scuto.