An deene leschte Joren huet sech den Ensemble fir zäitgenëssesch Musik United Instruments of Lucilin eng zolidd Renommée an der internationaler Musekszeen gemaach. Lucilin gëtt reegelméisseg gefrot fir wichteg Opereprojeten a Kreatioune vun neie Wierker. Dat war och elo Mëtt September nees de Fall beim Festival "ManiFeste" zu Paräis mat der franséischer Première vu "Mental Radio Machine"vum brasilianesche Komponist Aurélio Edler-Copes.
arrow_back_ios