Klassik aktuell
Babi Yar
Den Dmitri Schostakowitsch hat de groussen Don, seng Musek quasi zweedeiteg ze komponéieren. No baussen huet se sech der Doktrin vum sozialistesche Realismus ënnerworf, déi besonnesch ënnert der Stalin-Diktatur gegollten huet. No Bannen a beim Lauschtere vun den Tëschentéin huet de Schostakowitsch sech ganz kritesch mam Régime ausenanergesat. Nom Stalin sengem Doud gouf et zwar eng kuerz Phase vu Liberaliséierung, mee oppe Kritik war nach ëmmer net toleréiert. Dat gouf de Schostakowitsch ronderëm seng 13. Symphonie gewuer, déi un de Massaker vu Babi Yar, den 29. an 30. September 1941 erënnert.