Dem Marvin Gaye ass 1982 mat sengem neien Album "Midnight Love" en absolutten Hit gelongen...iwwer 6 Milliounen Exemplairë goufe weltwäit verkaf, den Album ass domat dem Gaye säin erfollegräichsten iwwerhaapt ginn. Et ass eng gewote Mëschung aus Funk, Boogie, New Wave an enger gudder Portioun Synthpop...Nëmmen 8 Lidder waren drop, mee dorënner war de Megahit "Sexual Healing" , deen d'Joer drop zwee Grammys'en krut. De Sound op "Midnight Love" gouf deemools als "mellow", also relax, mat engem kloren Funk-Afloss beschriwwen...et war och ee vun den éischten Albumen, op deem een de Synthesizer Roland TR-808 héieren huet.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 38 Joer kënnt "Midnight Love" eraus
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.