Europa Aktuell
EU a Rechtstaat: De Sträit eskaléiert
An der EU krute gëschter d'Diskussioune ronderem de Rechtsstaat eng nei Basis: D'Europäesch Kommissioun huet an engem Rapport eklatant Verstéiss géint d'Prinzipie vum Etat de Droit a verschiddenen EU-Länner dokumentéiert.
Gläichzäiteg huet Däitschland eng Propose op den Dësch geluecht, fir ee Mechanismus, deen dofir suerge soll, datt EU-Fongen u bestëmmte Konditioune geknäppt ginn. Ungarn oder Polen geet dat vill ze wäit. Aner Länner, wéi Lëtzebuerg, fannen degéint, datt ee misst méi streng Critèren opstellen. De Sträit riskéiert ze eskaléieren.