arrow_back_ios
Klassik aktuell
Gilles Leyers Laureat bei internationalem Uergelconcours
Leschten Donneschdeg a Freideg (1. an 2. Oktober) huet de Gilles Leyers beim internationalen Uergelconcours "Pierre de Manchicourt" an zwou Finallen all Kéiers den zweete Präis gewonnen. Domat huet hie sech géint Kandidaten aus Däitschland, Japan, Frankräich duerchgesat a konnt de Jury an de Kategorien "Musique française" a "Musique symphonique" iwwerzeegen. Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt den Organist iwwer seng Erfahrunge beim Concours.
Finall Auxi-le-Château
Finall Saint-Omer