Klassik aktuell
Organist-Komponist
"The famous organist", schreift eng amerikanesch Zeitung iwwert de Louis Vierne während enger Tournée vum Organist-Komponist duerch d'USA. De Louis Vierne gehéiert zur Generatioun vun de groussen Uergelsymphoniker aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert - jonk Museker, déi sech an der Traditioun vum César Franck gesinn a vun den neien Entwécklunge vum Uergelbauer Aristide Cavaillé-Coll profitéieren. De Louis Vierne war iwwer 30 Joer Organist an de Notre-Dame zu Paräis an huet, nieft senger Musek fir d'Uergel, och Kammermusek, sakral Wierker a Lieder komponéiert.