Et war eng Affär, déi net nëmmen d'Pressefräiheet an Däitschland sollt menasséieren, mee och d'Existenz vun "Der Spiegel" . An der Editioun vum 8t. Oktober 1962 war en Artikel iwwert den desolaten Zoustand vun der däitscher Arméi mam Tittel "Bedingt abwehrbereit" publizéiert ginn...d'Journaliste Conrad Ahlers an Hans Schmelz hunn doran beschriwwe wéi déi däitsch Truppen, déi an Tëschenzäit der NATO bäigetruede waren, bei engem internationale Manöver ganz schlecht ofgeschnidden haten. D'Informatioune fir deen Artikel hat den héichrangege Kommandant, den Oberst Alfred Martin, de Journalisten zur Verfügung gestallt...dës hunn domadder den deemolegen däitsche Verdeedegungsminister Franz-Josef Strauss an e schlecht Liicht gesat...dëse war ausser sech vu Roserei. Mais net nëmmen hien: de Procureur d'Etat Albin Kuhn huet de Verdeedegungsministère dozou opgemontert eng Plainte wéinst "Landesverrat" géint d'Redaktioun vum Spiegel ze maachen...Et goufen Haftbefeeler géint eng ganz Rei Journalisten a géint de Chefredakter an Editeur Rudolf Augstein...an de 26. Oktober hunn Polizisten d'Spiegel-Redaktioun zu Hamburg duerchsicht. Mais ënner anerem wéinst groussen Demonstratioune fir d'Pressefräiheet gouf déi ganz Redaktioun eréischt 3 Joer méi spéit fräigesprach.
arrow_back_ios