arrow_back_ios
Europa Aktuell
Paritéit bei de Payen: Et ass nach net fir muer!
Fraen verdéngen nach ëmmer dacks manner ewéi Männer. An der Moyenne läit deen Ënnerscheed an der EU bei knapps 15 Prozent.
Deen Ecart gouf an de leschte Joeren just ganz lues ofgebaut, a verschiddene Länner wiist en esou guer.
Enger Etude vum europäesche Gewerkschaftsbond no géif et tatsächlech bis 2104 daueren, bis d'Partitéit ereecht wier.
Zu Lëtzebuerg géif et méi séier goen. Wann et am aktuellen Tempo virugeet, kéinte Fraen "schonn" am Joer 2027, mat där nämmlechter Paye ewéi Männer rechnen.