arrow_back_ios
Klassik aktuell
Rising Stars
D'nächst Woch e Méindeg (12.10) steet an der Philharmonie mam Optrëtt vum Aris Quartett deen éischte Concert aus der Serie Rising Stars um Programm. Dës Saison kréie sechs jonk Museker a Formatiounen d'Geleeënheet kréien net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä queesch duerch Europa opzetrieden. Wéi genee dës Serie funktionéiert, doriwwer huet de Luc Boentges mam Matthew Studdert-Kennedy, dem Head of the artistic Planning Division vun der Philharmonie geschwat.