arrow_back_ios
Klassik aktuell
Viva España
"Viva España" ass den Titel vum éischte Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, deen am Mäerz an der Suitte vun der Corona-Pandemie ofgesot gouf. Elo steet de dëse kommentéierte Famillje-Concert eng zweete Kéier op der Affiche, wann och mat engem un d'Hygiènes-Mesuren ugepasste Programm. De Luc Boentges war an d'Philharmonie an sech mam Moderator Klaus Brettschneider getraff fir méi iwwer "Viva España" gewuer ze ginn.