arrow_back_ios
Kultur
Fotoen als Som fir eng besser Zukunft
Den 8. Oktober ass den 13. CinEast lancéiert ginn: de "Central and Eastern European Filmfestival" geet bis de 25. Oktober, a wäert natierlech an der Zäitspaan e wichtege Sujet vun eiser Émissioun "de grousse Kino", sinn. Nieft de Filmer sti wéi gewinnt och Concerten an Débaten um Programm, just datt déi Kéier alles am Respekt vun de sanitaire Mesuren ofleeft. An...den 8. Oktober war och de Vernissage vun der CinEast-Foto-Expo "Planting the future". D'Kerstin Thalau war kucken.