Am Moment liewen ongeféier 7.800.000.000 Mënschen op eisem Planéit. Dat huet de "United Nations Population Fund", eng Agence vun der UNO, déi esou Statistiken zesummendréit, am Mäerz 2020 matgedeelt. Mee haut virun genau 21 Joer haten mer schonn de Meilestee vu 6 Milliarde Mënschen op eisem Planéit erreecht. Natierlech ginn et ëmmer Demografen dobaussen, déi net mat engem bestëmmte Moment averstane sinn, an et muss ee soen, mat all de Gebuerten, déi zu zur nämlechter Zäit op der Äerd passéieren, ass dat och tatsächlech net einfach, mais d'UNO huet eben eng Gebuert ausgesicht, déi déi 6 Milliardste Mënschen op d'Äerd bruecht huet an dat war dee kléngen Adnan vu Sarajewo. Den deemolege Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, de Kofi Annan himself, huet sech bis an déi bosnesch Haaptstad deplacéiert fir dem klénge Puppelchen an sengen Elteren ze gratuléieren. Iwwregens haten d'Leit virun 21 Joer och direkt weider-geroden, wéini dann déi de Meilestee vun 7 Milliarde Mënschen op der Welt géif erreecht ginn, an do sinn sech eng ganz Rei Demografen iwwert den 29ten November 2012 eens ginn...um Enn ass dee Meilestee schonn e gutt Joer méi fréi erreecht ginn, nämlech den 31 Oktober 2011...
arrow_back_ios