arrow_back_ios
Klassik aktuell
Point d'orgue no 35 Joer
Muer den Owend am CAPE ass deen Ament, un deen de Kerry Turner nach laang net geduecht hat, wéi hien am Hierscht 1985 als Cornist am haitege Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg agestallt gouf - säi leschte Concert. No 35 Joer ass Schluss als Orchestermuseker. Lëtzebuerg an der Musek geet de gebiertegen Texaner awer net verluer. E wäert weider Cor spillen a virun allem komponéieren.