De 19. Oktober 1987 war kee normale Méindeg. Deen Dag ass nämlech als Black Monday an d'Geschicht agaangen. An dat wéinst globale Finanz-Turbulenzen, déi, wéi esou dacks, op der Wall Street ugefaangen hunn ... Bis haut gëtt sech gefrot, wat genee d'Ursaache fir de Crash waren. Hat et eppes domat ze dinn, datt déi amerikanesch Steierverwaltung fënnef Deeg méi fréi nei Gesetzer ageféiert huet, déi déi steierlech Beneficer bei Fusiounen a sougenannte Leveraged Buyouts reduzéiert hunn? Oder mam Fait, datt zur selwechter Zäit den Handelsministère zu Washington och onerwaart héich Handelsdefiziter matgedeelt huet?
Den amerikaneschen Nobel-Präis-Laureat an der Ekonomie, de Robert J Schiller, ass dogéint bis haut iwwerzeegt, datt Investisseuren an den Deeg virum Crash einfach generell eng schlecht Viranung haten, déi sech séier op der Wall Street, an doriwwer eraus, verbreet huet. Um Enn vum 19. Oktober 1987 war den Dow Jones-Indice ëm ganzer 22 Prozent agebrach, véier an en hallef Mol méi héich, wéi dee viregten Dagesrekord. Et huet zwee ganzer Joer gedauert, bis datt den Dow Jones sech nees komplett erholl huet an nees den Niveau vu virum Crash erreecht huet.