arrow_back_ios
Klassik aktuell
Récital mam Maurice Clement
En Dënschdeg, den 20. Oktober, steet deen drëtte Concert am Kader vun der Hierschtsaison vum internationalen Diddelenger Uergelfestival op der Affiche. De Lëtzebuerger Organist Maurice Clement spillt nieft enger Rei Stécker aus dem 18., 19., an 20. Joerhonnert och eng Improvisatioun. De Luc Boentges huet mam Maurice Clement iwwer de Programm an och d'Instrument zu Diddeleng geschwat.