Klassik aktuell
Musek am Autismus Spektrum
"Wéi een Impakt huet d'Musek op autistesch Kanner", ass eng vun de Froen, déi haut den Owend (20.10.2020) an der Philharmonie gestallt gëtt am Kader vun der virtueller Konferenz "Musek am Autismus Spektrum". Organisateur vun dëser Konferenz ass d'Fondatioun EME - Mieux vivre ensemble grâce à la musique. D'Fondatioun versteet sech als e Vecteur vun der gesellschaftlecher Integratioun iwwer de Wee vun der Musek. An dem Kontext wäerten den Owend déi zwou Spezialistinne Megha Sharda a Christine Kristmann iwwer den Asaz vun der Musek an der Aarbecht mat Autiste schwätzen.