arrow_back_ios
Klassik aktuell
Affaire à suivre ...
Brillanten Dänzer, Virtuos op der Gei, exzellente Komponist a Pedagog: De Jean-Marie Leclair hat all Atouten, fir ee vun deene ganz Groussen an der Museksgeschicht ze sinn, wieren do net de Johann Sebastian Bach an dem Leclair seng Landsleit Lully a Rameau gewiescht. Och wa vill Partiture vum Leclair verschwonne sinn, seng Musek ass gutt erfuerscht, besser op alle Fall wéi säin Doud an der Nuecht vum 22. Oktober 1764.