Europa Aktuell
Den Handel mat Päss oder Visaen
Ee Pass kafen, dat ass ganz legal méiglech, zum Beispill op Malta, op Zypern oder a Bulgarien. Et muss een allerdéngs prett sinn, tëschent 800.000 an zwou Milliounen Euro am Land ze investéieren. Do wunne muss een awer net.
D'Europäesch Kommissioun hat sech schonn zejoert kritesch dozou geäussert. Elo huet si legal Schrëtt géint Malta an Zypern annoncéiert. Hire Geschäftsmodell vun de sougenannte "gëllene Visa" verstéisst géint EU-Recht, esou d'Kommissioun.
Am Europaparlament gëtt haut doriwwer diskutéiert, d'Parlament huet wëlles ee Gesetz ze proposéieren, dat verhënnere soll, datt esou Geschäfter weider méiglech sinn.
Vu Bréissel d'Danièle Weber.