De 26. Oktober 1979, haut virun 41 Joer, gouf et en déidlecht Attentat op de President vu Südkorea, de Park Chung-Hee. Fënnef Joer nodeems seng Fra scho bei engem versichten Attentat op säi Liewe gestuerwen ass, huet de Chef vum südkoreanesche Geheimdéngscht de Park Chung-Hee bei engem offiziellen Iesse mat engem Revolver an de Kapp an an d'Broscht geschoss an hien op der Plaz ëmbruecht. Véier Bodyguarden an dem President säi Chauffeur goufe vum Kim Jae-gyu och erschoss.
Et ass en Tëschefall, deen zanterhier a Südkorea als "10-26" bekannt ass, grad wéi den 11. September 2001 an den USA einfach als "9-11" bekannt ass. A genee wéi fir den 9-11 ginn et och fir den 10-26 a Südkorea eng ganz Rei Spekulatiounen, wat d'Hannergrënn vun der grausamer Dot waren. Wollt de Chef vum Geheimdéngscht Südkorea per Force an eng richteg Demokratie leeden? Oder war d'Attentat ganz einfach op eng Rivalitéit tëschent dem Kim an dem President sengem Haapt-Bodyguard Chai Ji-Chul zeréckzeféieren, deen de Kim ëmmer méi an den hierarcheschen Hannergrond gedréckt huet? All dës Froe si bis haut, 41 Joer drop, nach net gekläert.