Klassik aktuell
Intermezzo-Undenken un déi italieenesch Chanson
Den Giovanni Marabassi ass ee vun deenen unerkannsten Jazzpianisten aus Italien. Fir de Concert an Disk "Intermezzo, hommage à la chanson italienne" huet de Pianist sech mat der franséischer Sängerin Sarah Lancman zesummegedoen, fir eng intimistesch Approche vu Pärelen aus der italieenescher Chanson ze presentéieren. Dëse Programm proposéiere si haut den Owend (26.10.2020) um 20:00 Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie am Kader vun der Serie Camerata, organiséiert vun de Solistes Européens. De Manuel Ribeiro huet mam Pianist Giovanni Mirabassi geschwat.