Klassik aktuell
Champion vun der Sonate
1708 ass zu Roum eng ganz aussergewéinlech Kompetitioun: Am Haus vum dichtege Kardinol Ottoboni spillen den Domenico Scarlatti an de G.F. Händel um Cembalo, fir erauszefannen, wien dee Beschten ass. Scarlatti, Händel an och Bach - dräi Komponisten, déi an engem fir d'Museksgeschicht eemolege Joer gebuer goufen, am Joer 1685. Vun dësem Trio steet den Domenico Scarlatti eng Grëtz Abseits - musikalesch an och geographesch, well de Gros vu sengem Liewe sech op der iberescher Hallefinsel ofspillt. Den Domenico Scarlatti kënnt de 26. Oktober 1685 zu Neapel op d'Welt.