arrow_back_ios
Klassik aktuell
Säi lescht grousst Wierk
Feierlech, pompös, very british - esou kennt een d'Musek vum Sir Edward Elgar, besonnesch den éischte Marsch aus "Pomp and Circumstance". Wéi den englesche Komponist 1919 säi lescht grousst symphonescht Wierk, säin Cellosconcerto, schreift, ass d'Stëmmung eng ganz aner. Den Edward Elgar ass een trauregen, desillusionéierte Mann ginn, dee bis zu sengem Doud 1934 keng gréisser Kompositioune méi publizéiert.