Klassik aktuell
Eng Beethoveniade
De Ludwig van Beethoven war mat ee vun deenen éischte fräischaffende Kënschtler, wat awer och bedeit huet, datt e stänneg op der Sich no Sponsore war. Déi kënschtleresch Onofhängegkeet, d'Fräiheet, keng Gefällegkeetswierker missen ze schreiwen, sinn ee vun de wichtege Moteure vum Beethove senger Kreativitéit. An awer koum och de grousse Bonner Meeschter net derlaanscht, sech mat klenge Bijouen op aristokratesche Soiréeën ze presentéieren, Wierker, déi a sengem Katalog dacks als "Werke ohne Opus" verbucht sinn. Eng ganz Partie vun dëse Wierker gëtt et den Owend (27.10.2020) bei enger Beethoveniade am Stater Conservatoire ze héieren.