Nach bis haut ass den Niccolò Paganini fir säin ongewéinlecht grousst Talent op der Gei bekannt. Tatsächlech huet hie bei Concerten esou impressionéiert, datt munchereen dovun ausgaangen ass, hie wier e Pakt mam Däiwel agaangen. Eng méi realistesch Erklärung ass, datt seng Maîtrise vum Instrument ënner anerem mat enger Krankheet zesummenhoung.
arrow_back_ios