Europa Aktuell
Europa-Interview: Evelyn Regner
A Pole suergt zanter e puer Deeg een Urteel vum Verfassungsgeriicht iwwer d'Ofdreiwungsgesetz fir vill Opreegung. Haaptsächlech Fraen, mee net nëmmen, ginn iwwerall am Land zu Dausenden op d'Strooss, fir géint dat Urteel ze protestéieren. D'Recht op Ofdreiwung géif doduerch de facto ofgeschaaft, esou hir Kritik. Och am Europaparlament trëfft dat Urteel op Kritik.
D'Danièle Weber huet zu Bréissel mat der Presidentin vun der Fraerechts- a Chancëgläicheetskommissioun, der éisträichescher Sozialdemokratin Evelyn Regner geschwat.