Klassik aktuell
Am Schied vum klenge Brudder
"In meinem 70. Lebensjahre genoss ich noch die unaussprechliche Freude, den Sohn meines unvergesslichen Bruders das erste Mal zu sehen, und ihm, ganz nach dem Geschmack seines Vaters, spielen zu hören", notéiert d'Maria Anna Mozart 1821, wéi si fir d'éischt iwwerhaapt de Franz Xaver Mozart begéint, de Fils vun hirem Brudder. D'Nannerl an de Wofgang Amadeus - d'Gesëschter Mozart haten eng enk Relatioun, och an deene Joren, wou déi eeler Schwëster net méi mat op Tournéeë gaangen ass, hir musikalesch Karriär hat missten opginn. D'Maria-Anna Mozart stierft am Alter vun 78 Joer, den 29. Oktober 1829, zu Salzburg.