arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Händel gëtt un den Aen operéiert
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Den drëtten November 1752 gëtt de Georg Friedrich Händel am Guy's Hospital zu London u sengen Aen operéiert. Et war déi éischt vun enger ganzer Rei Operatiounen, déi dem Komponist am Endeffekt awer näischt bruecht hunn. Ganz am Géigendeel, hie fält spéider nämlech an d'Hänn vun engem Scharlatan, deen eventuell souguer Schold um Johann Sebastian Bach sengem Dout ass.