Fräie Mikro
Trumponomics
5 min
D'Europäer si meeschtens net frou mam aktuellen US-President an halen hie fir en zimmleche Clown. Mee déi wéinegst kéinten objektiv klären, ob de Mann dann net awer wéinstens um wirtschaftleche Plang eppes fir säi Land erreecht huet, éier hie vum Virus um falsche Fouss erwëscht gouf.
De Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot, sicht am Fräie Mikro nom Donald Trump senge Qualitéiten.