arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Orpheus britannicus
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
1695, am Alter vun nëmmen 35 Joer, stierft ee vun den Erneierer vun der englescher Musek. Den Henry Purcell koum an enger Epoch an England op d'Welt, an där de politeschen Trubbel lues a lues zu engem Enn koum. Déi englesch Musek kann nees opbléien, an de Purcell weess seng Opportunitéit ze notze, fir den englesche Barock mam néidegen Impuls no vir ze dreiwen. Den Henry Purcell ass eise Komponist vum Mount November.