Zanter Joerzéngte gëtt et an der westlecher Welt eng Faszinatioun ronderëm den Tutankhamun, deem wuel bekanntste Pharao aus deem Alen Ägypten. Zanter dem 4. November 1922 fir genee ze sinn, also haut viru genau 98 Joer. Deen Dag huet de britteschen Aventurier an Ägyptolog Howard Carter nämlech no enger jorelaanger Sich endlech d'Graf vum Tutankhamun fonnt. Dobäi hat de Carter Chance. Säi Finanzéier, de britteschen Aristokrat Lord Carnarvon war um Enn vu senger Gedold ukomm. Bal siwe Joer laang hunn d'Ausgruewunge vum Howard Carter quasi Näischt Wäertvolles erabruecht. Mee trotzdeem huet de Lord Carnarvon sech iwwerzeege gelooss nach eng lescht Saison vun Aarbechten ze finanzéieren.
An de 4. November huet dat Vertrauen sech gelount. Duerch en Zoufall ass ee klengen ägyptesche Jong, deen de westleche Fuerscher op der Plaz Waasser bruecht huet, iwwer en décke Stee gestolpert, deen aus dem Buedem stoung. Et sollt sech erausstellen, datt dat deen ieweschte Stee vun enger Trap war, déi erof an de Buedem geféiert huet.