arrow_back_ios
Klassik aktuell
Konflikt tëschent Kapp an Häerz
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Nodeems de Ludwig van Beethoven fënnef Joer laang keng Pianossonate méi geschriwwen hat, geet et mat senger Nummer 27 nei Weeër. Fir d'éischt fält emol op, datt sämtlech Sazbezeechnungen op Däitsch sinn - Nowéie vun den napoleonesche Kricher. Virun allem awer ass de Komponist no senger Oper "Fidelio" kënschtleresch gewuess. De Jean Muller mat enger Introduktioun an dem Ludwig van Beethoven seng 27. Pianossonate