arrow_back_ios
Klassik aktuell
Hommage à Mozart
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
De Mozart gehéiert zu deene Komponisten, déi nach ëmmer am meeschten unzéien. De Publikum ka vu senger Musek ni genuch kréien, mee och Komponiste vun haut loosse sech vum éisträichesche Meeschter nach ëmmer inspiréieren. Am Mëttelpunkt vum nächste Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, e Méindeg 9. November, steet de Mozart, sief et mat eegene Wierker oder mat Undenken un hie vum Peter Eötvös a Jacques Ibert. Den Dirigent Julien Leroy ass den Invité am Studio.