Album vun der Woch
Kacey Johansing - No Better Time
Musek a Katharsis si schonn ëmmer Hand an Hand gaangen. Deen Aspekt gouf dëst Joer a villen Hisiichten amplifiéiert. Vill vun eis hu misse baussent a bannenzegt Stierm iwwerwannen. Dat huet d'Kacey Johansing op hirer Plack "No Better Time" gemaach. E Wierk, dat en turbulente Moment an der Musekerin hirem Liewen dokumentéiert an hir gehollef huet schwiereg Zäiten ze iwwerwannen. Déi Wierkung kënnt net nëmmen der Creatrice zegutt. Hiren neien Album dréit vill waarm a fluffeg Texturen. Gräift schwiereg Theemen op, ouni dobäi an e schwaarzt Lach ze falen. Kalifornesche Pop mat ville verdreemten Akkorden, déi an d'Onendlechkeet auskléngen. Den Jamie Reinert mat eisem Album vun der Woch