Klassik aktuell
Al an Nei
6 min
Eigentlech sollt de Concert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dëse Samschdeg (14.11.2020) sinn. Elo ass en e Freideg. Eigentlech sollt en och am Kader vum Festival fir zäitgenëssesch Musek rainy days sinn - e Festival deen ofgesot gouf. D'Philharmonie muss den Ament flexibel op déi sanitär Kris an hir Konsequenze reagéieren.
Iwwereg bliwwe sinn elo zwee Protagonisten: Den OPL an den Dirigent Markus Stenz. Zesumme proposéiere si eng Kombinatioun vum aler Renaissance Musek an engem Wierk aus der zäitgenëssescher Musek. Am Interview gëtt den Dirigent Markus Stenz en Abléck an de Programm.