Klassik aktuell
Hommage un de Bohuslav Martinu
Nieft dem Bedrich Smetana, dem Antonin Dvorak a spéider dem Leos Janacek gehéiert de Bohuslav Martinu zu deene bedeitendsten tschechesche Komponisten. 1959 stierft de Bohuslav Martinu an der Schwäiz an hannerléisst e Katalog vun iwwer 400 Wierker aus alle Gattungen mat Aflëss vun Impressionismus, Neo-Klassik, Jazz an tschechescher Volleksmusek. Am Kader vun den Act'Art-Concerten mat Enseignanten aus dem Stater Conservatoire ass den 17. November 2020 um 19.00 Auer e Concert fir den 130. Anniversaire vum Bohuslav Martinu. De Manuel Ribeiro huet mat der Pianistin Hana Robotkova geschwat.