Panorama
Panorama
Gewerkschafte kritiséiere Projet vum Educatiounsminister fir an de spezifesche Lycéeën Kandidate fir den Direkteschposten aus dem Privatsecteur opzemaachen Educatiounsministère weist Virwërf zeréck Den Nordstad-Lycée soll deelweis an e Pré-fabriqué op Ierpeldeng plënneren, bis den neie Schoulkomplex fäerdeg ass Lëtzebuerger Journal kritt en neien Direkter: den Daniel Nepgen gëtt vum nächste Joer u Successeur vum Claude Karger D'Handwierkerfederatioun fuerdert Verschäerfung vum Konkurrenzrecht a kritiséiert Enovos De Centre hospitalier du Nord huet Kapazitéite fir Covid-Patienten erhéicht, kontrolléiert d'Situatioun awer nach An Däitschland solle bis op Weideres keng méi streng anti-Covid-Mesuren an de Schoule geholl ginn Decisiv Woch fir de Brexit-Accord, brittesche Premier Johnson nees a Quarantän Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Republik Moldau huet eng Fra d'Presidentewale gewonnen: déi prowestlech Maia Sandu erreecht Rekordresultat