arrow_back_ios
Klassik aktuell
Odo Sonoritas & Bonae Artes
Ënner dem Titel Odo Sonoritas ginn zanter enger ganzer Rei Joren zu Stolzebuerg an der Kierch ëmmer den 18. November Concerten organiséiert. Wärend 2019 eng Kombinatioun vu Gregorianesche Gesäng mat Neier Musek um Programm stoung, sollt bei der Editioun 2020 Musek op alen Instrumenter a Konscht matenee verbonne ginn. Dëst konnt duerch déi sanitär Kris net ganz ëmgesat ginn, ofgesot gouf de Projet trotzdeem net, wéi den Directeur Artistique Christophe Unkelhäusser am Interview erkläert.