Eng Battaglia - eng Schluechtmusek ass e gängegen Genre an der Musek. Zanter jeehier hu Fanfaren Zaldoten an de Krich begleet, an no enger Victoire gouf mat passender Musek gefeiert. Vill bedeitend Komponisten hunn esou Geleeënheetswierker geschriwwen, dorënner de Peter Iljitsch Tschaikowsky. Säi populäre Slawesche Marsch war d'Reaktioun op eng vu de villen Ausenanersetzungen um Balkan. Déi triumphal Première war de 17. November 1876 zu Moskau.
arrow_back_ios