arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den 21. Gewandhauskapellmeeschter
Viru knapp engem Mount huet den Andris Nelsons säi Kontrakt als Chef vum Gewandhausorchester zu Leipzig bis 2027 verlängert. Parallell huet hie sech och bis 2025 als Music Director vum Boston Symphony Orchestra weider engagéiert. Deen éischten Dirigent vum Boston Symphony Orchestra war iwwregens de Georg Henschel, deen zu Leipzig studéiert hat. Béid Orchestere verbënnt deemno eng historesch Traditioun, déi och fir den Dirigent Andris Nelsons, deen haut Gebuertsdag feiert, eng wichteg Roll spillt.