Den 19. November 1944, wéi den Zweete Weltkrich bal eriwwer war, koum et zu engem vun de markantste Momenter vun der Lëtzebuerger Resistenz. Et war déi sougenannte Schluecht vu Veianen, bei där nëmmen e puer Dosen arméiert Männer d'Veianer Buerg géint eng 250 Zaldote vun der Waffen-SS mat Erfolleg verteidegt hunn. Dobäi war de Grand-Duché zu deem Moment eigentlech scho befreit, am September 1944 haten d'Alliéiert, ugeféiert vun den Amerikaner, d'Land liberéiert. Dat huet awer net d'Enn vun der Gewalt op lëtzebuergeschem Territoire bedeit.
Well am Éislek hat een dat ongutt Gefill, datt d'Nazien nach net hiert lescht Wuert geschwat haten. An dat war och de Fall. De 15. November 1944 hunn d'Resistenzler zu Veianen eng kleng däitsch Patrull gesinn, déi op Lëtzebuerger Säit bei Bettel ënnerwee war. Fënnef vun den eelef däitschen Zaldoten an där Patrull goufen zwar ëmbruecht, allerdéngs huet déi Attack dozou geféiert, datt d'Waffen-SS decidéiert huet d'Veianer Schlass nees ze erueweren. Ënner der Leedung vum spéideren Deputéierte Victor Abens konnten 30 couragéiert Resistenzler am Veianer Schlass bleiwe fir déi Däitsch ofzewieren, dat mat Waffen a Munitioun, déi si kuerz virdru vun den Amerikaner kruten.
Bei den uerge Schéissereien an a ronderëm d'Schlass sinn deen Dag 23 däitsch Zaldoten ëmkomm an een eenzege Lëtzebuerger Resistenzler. Mee d'Freed iwwer déi onerwaarte Victoire sollt vu kuerzer Dauer sinn. Nëmmen ee Mount méi spéit, am Dezember 44, huet den Hitler nämlech déi ominéis Rundstedt-Offensiv an den Ardenne lancéiert. De Grupp, deen e puer Woche méi fréi esou eng couragéiert Leeschtung bewisen hat, huet elo agesinn, datt ee komplett an Ënnerzuel war a Resistéieren dee sécheren Doud bedeit hätt. Also si si vu Veianen nees an de Süde vum Land geflücht an hu sech do den Amerikaner ugeschloss.