Europa Aktuell
Keen Duerchbroch am Budgetssträit
An der EU sinn 1,8 Billiounen Euro blockéiert - zu deem Finanzpak gehéiert den europäesche Budget, dee vun 2021 u fir siwe Joer laang gëllt an de Fonds de Relance, mat deem sollen Anti-Krise-Mesuren an de Memberlänner finanzéiert ginn.
Ungarn a Polen hunn ee Méindeg aus Protest géint een neie Kontrollmechanismus ee Veto géint dee Finanzpak ageluecht, si gi mëttlerweil vu Slowenien ënnerstëtzt.
Gëschter Owend haten d'EU-Staats- a Regierungscheffen eng Videokonferenz - eigentlech fir de Point ze maachen iwwer d'Corona-Pandemie. Si hunn dunn och iwwer de Budget geschwat - mee do gouf et keen Duerchbroch.
Detailer vu Bréissel vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.