An der Bucht vu San Francisco gëtt et d'Insel Alcatraz. Vun 1934 bis 1963 war do en Héichsécherheetsprisong a Betrib, haut ass et e beléifte Musée. Wéinst de staarke Mieresstréimunge ronderëm d'Insel gouf ëmmer behaapt, datt et onméiglech wier fir aus deem Prisong ze entkommen. Mee sechs Joer nodeems dee berüchtegte Prisong zougemaach huet, ass op der Insel eppes geschitt, mat deem d'Autoritéiten zu San Francisco net gerechent haten.
Den 20. November 1969, also haut virun 51 Joer, hu nämlech Indianer, also amerikanesch Urawunner, déi kleng Insel besat. 19 Méint laang hu Membere vu verschiddenen Indianer-Stämm sech do verschanzt an Alcatraz zu hirem Wunngebitt deklaréiert. Ënner hinne ware Sioux, Lakota, Blackfoot, Uté, Navajo oder nach d'Pomo, fir just déi Stämm ze nennen. Hire Leader Richard Oaks huet kloergestallt, datt et sech ëm eng friddlech Occupatioun géif handelen. Et géif ee sech fir d'Aktioun op den Traité vu Laramie aus dem Joer 1868 baséieren, déi d'USA deemools mat enger Rei Indianer-Stämm ënnerschriwwen haten. Doran war festgehale ginn, datt amerikanescht Bundesland, dat net méi vun den Autoritéite gebraucht gëtt, automatesch un Indianer-Stämm kann zeréckgoen.
Mee bal 100 Joer drop haten d'Autoritéiten zu San Francisco natierlech eng aner Interpretatioun dovun. An nodeems eng Rei bekannte Perséinlechkeete wéi d'Jane Fonda, den Anthony Quinn oder nach de Marlon Brando d'Besatzer vun Alcatraz besicht hunn, fir hir Ënnerstëtzung fir d'Aktioun ze demonstréieren, ass et fir d'Lokalautoritéiten e Kappzerbrieches ginn, wéi een dat Ganzt ouni Gewalt op en Enn kéint bréngen. D'Iddi, fir de Stroumuschloss fir d'Insel ze kappen, huet sech do als ganz effektiv erausgestallt.
Um Enn hunn d'Indianer an hir Supporter Alcatraz no 19 Méint vu sech aus verlooss. Déi lescht 15 Aktiviste goufen am Juni 1971 vu Sécherheetsautoritéiten evakuéiert. An trotzdeem war jiddwereen, deen dran involvéiert war sech eens, datt d'Occupatioun, déi haut virun 51 Joer ugefaangen huet, e grousse Succès war, schonn eleng wéinst der grousser Opmierksamkeet weltwäit.