arrow_back_ios

Dagdeeglech

100komma7.lu / Dagdeeglech

/ Virun 51 Joer: Amerikanesch Indianer besetzen Alcatraz-Insel

Virun 51 Joer: Amerikanesch Indianer besetzen Alcatraz-Insel

An der Bucht vu San Francisco gëtt et d'Insel Alcatraz. Vun 1934 bis 1963 war do en Héichsécherheetsprisong a Betrib, haut ass et e beléifte Musée. Wéinst de staarke Mieresstréimunge ronderëm d'Insel gouf ëmmer behaapt, datt et onméiglech wier fir aus deem Prisong ze entkommen. Mee sechs Joer nodeems dee berüchtegte Prisong zougemaach huet, ass op der Insel eppes geschitt, mat deem d'Autoritéiten zu San Francisco net gerechent haten.


Den 20. November 1969, also haut virun 51 Joer, hu nämlech Indianer, also amerikanesch Urawunner, déi kleng Insel besat. 19 Méint laang hu Membere vu verschiddenen Indianer-Stämm sech do verschanzt an Alcatraz zu hirem Wunngebitt deklaréiert. Ënner hinne ware Sioux, Lakota, Blackfoot, Uté, Navajo oder nach d'Pomo, fir just déi Stämm ze nennen. Hire Leader Richard Oaks huet kloergestallt, datt et sech ëm eng friddlech Occupatioun géif handelen. Et géif ee sech fir d'Aktioun op den Traité vu Laramie aus dem Joer 1868 baséieren, déi d'USA deemools mat enger Rei Indianer-Stämm ënnerschriwwen haten. Doran war festgehale ginn, datt amerikanescht Bundesland, dat net méi vun den Autoritéite gebraucht gëtt, automatesch un Indianer-Stämm kann zeréckgoen.


Mee bal 100 Joer drop haten d'Autoritéiten zu San Francisco natierlech eng aner Interpretatioun dovun. An nodeems eng Rei bekannte Perséinlechkeete wéi d'Jane Fonda, den Anthony Quinn oder nach de Marlon Brando d'Besatzer vun Alcatraz besicht hunn, fir hir Ënnerstëtzung fir d'Aktioun ze demonstréieren, ass et fir d'Lokalautoritéiten e Kappzerbrieches ginn, wéi een dat Ganzt ouni Gewalt op en Enn kéint bréngen. D'Iddi, fir de Stroumuschloss fir d'Insel ze kappen, huet sech do als ganz effektiv erausgestallt.


Um Enn hunn d'Indianer an hir Supporter Alcatraz no 19 Méint vu sech aus verlooss. Déi lescht 15 Aktiviste goufen am Juni 1971 vu Sécherheetsautoritéiten evakuéiert. An trotzdeem war jiddwereen, deen dran involvéiert war sech eens, datt d'Occupatioun, déi haut virun 51 Joer ugefaangen huet, e grousse Succès war, schonn eleng wéinst der grousser Opmierksamkeet weltwäit.

Episoden

Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt

Lëtzebuerger Politiker an Auteur

Der Titanic hir éischt a lescht Rees

Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
headphones

5 min

play_arrow

Ermordung vum Martin Luther King Jr.

Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.
headphones

2 min

play_arrow
Den Doud vum Jesse James | © Library of Congress

Den Doud vum Jesse James

Den 3. Abrëll 1882 stierft dës legendär Figur aus dem Wëlle Westen.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 21 Joer ass de Jos Brebsom gestuerwen

Lëtzebuerger Politiker
headphones

2 min

play_arrow

Den éischte Lännermatch am Rugby

De 27. Mäerz 1871 hu Schottland an England géintenee gespillt, deemools déi zwou eenzeg Natiounen, déi de nach neie Sport praktizéiert hunn.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 162 Joer koum den Eugène Ruppert op d'Welt

Lëtzebuerger Ingenieur
headphones

2 min

play_arrow

Den éischte Legoland, ausserhalb vun Europa

Viru genee 27 Joer huet a Kalifornien, den éischte Legoland ausserhalb vun Europa seng Dieren opgemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Virun 137 Joer koum de Joseph Hess op d'Welt

Lëtzebuerger Sproocheprofesser, Linguist an Auteur
headphones

2 min

play_arrow

D'Decouverte vum Planéit Uranus

Haut virun 245 Joer huet deen däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel dee siwente Planéit an eisem Sonnesystem entdeckt.
headphones

4 min

play_arrow

Viru 76 Joer koum de Mill Majerus op d'Welt

Lëtzebuerger Politiker a Sexolog
headphones

2 min

play_arrow

Dem Stalin seng Duechter freet Asyl an den USA

De 6. Mäerz 1967 geléngt et der Swetlana Iossifowna Allilujewa, der Duechter vum Josef Stalin, an d'US-Botschaft vun Dehli an Indien ze flüchten.
headphones

5 min

play_arrow

Viru 96 Joer koum den Nicolas Estgen op d'Welt

Lëtzebuerger Enseignant a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

D'Occupatioun vu Wounded Knee

1973 hu Membere vum amerikanesch indigeene Stamm vun den Oglala d'Duerf Wounded Knee besat, fir esou géint hiren eegene Stammeschef an d'US-Regierung ze protestéieren.
headphones

9 min

play_arrow

Viru 7 Joer stierft de Benny Berg

Lëtzebuerger LSAP-Politiker
headphones

2 min

play_arrow

Rätoromanesch gëtt Landessprooch an der Schwäiz

Den 20. Februar 1938 gouf an der Schwäiz per Referendum entscheet, datt d'Rätoromanesch soll Landessprooch ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 83 Joer koum de Lucien Thiel op d'Welt

Lëtzebuerger Journalist a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

Éischten Atomtest vu Frankräich

Den 13. Februar 1960 huet Frankräich an der Sahara hir éischt Atombomm getest, 50 Kilometer vun der nächster Stad ewech. Richteg informéiert waren d'Bewunner:innen awer net.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 108 Joer ass de Pierre Brasseur gestuerwen

Industriellen a Notär
headphones

2 min

play_arrow

D'Queen Elisabeth II. iwwerhëlt den Troun

De 6. Februar 1952 klëmmt d'Queen Elisbath II. op de britteschen Troun, nom Doud vun hirem Papp, dem Kinnek George VI.. Dee Moment ass si nëmme 25 Joer al.
headphones

5 min

play_arrow