Den 21. November 1783 hieft eng éischte Kéier ee Waarmloftballon, deen net um Buedem ugestréckt war a mat zwee Mënschen am Kuerf, vum Buedem of. Erfonnt a gebaut haten dee Ballon d'Bridder Joseph-Michel a Jacques-Etienne Montgolfier. An esou heescht dee Waarmloftballon nach haut op franséisch Montgolfière. Awer scho Joerhonnerte virdrun haten d'Chineesen kleng Lampione mat waarmer Loft dra fléie gelooss.
arrow_back_ios