Klassik aktuell
Sollbruchstelle
Bei der Luxembourg Composition Academy kréien all Joer eng siwe bis aacht jonk Komponistinnen a Komponisten d'Geleeënheet en neit Wierk mam Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin anzestudéieren a mat etabléierte Komponisten duerchzediskutéieren. Ofschloss ass dann e Concert am Neimënster. Dëst Joer gëtt dës Academie wéinst der sanitärer Kris zu groussen Deeler online ofgehalen. Just ee Komponist huet d'Geleeënheet kënnen op der Plaz dobäi ze sinn: de Lëtzebuerger Nik Bohnenberger. De Luc Boentges war an eng Prouf an huet sech vum jonke Komponist säin neit Stéck erkläre gelooss.