arrow_back_ios
Klassik aktuell
Der Traditioun verflicht
D'Museksgeschicht zu Lëtzebuerg ass enk verknëppt mam Numm Henri Pensis. Haut lieft den Numm vum Grënnerdirigent vum fréieren RTL-Orchester - haut de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - am Numm vum Quatuor Henri Pensis weider. Déi véier Museker vum Ensembel sinn houfreg op déi Traditioun, déi si weiderféieren a waren selbstverständlech derbäi, wéi fir den 120. Gebuertsdag vum Henri Pensis u sengem Heemechtshaus am Pafendall eng Gedenkplack ageweit gouf.