arrow_back_ios
Kultur
De "Good Stuff" gëtt et am Mudam
25 Joer Mudam-Kollektioun: dat gëtt am Pei-Musée mat enger grousser Expo gefeiert. Zanter 1996, also schonn zéng Joer éier eise "Musée d'art moderne" seng physesch Dieren opgemaach huet, si Wierker fir d'Mudam-Sammlung kaf ginn; mëttlerweil ëmfaasst d'Kollektioun ronn 700 Exponater. Et ass derwäert, Verschiddener eenzel ze presentéieren: zum Beispill "Good Stuff, The Pleasure Principle" vum Bruno Peinado vun 2010.
D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Responsabel vun der Mudam-Kollektioun, d'Marie-Noëlle Farcy.